Wëllkomm um Micas Comedy Spot op Lëtzebuergesch @ Atmos (Luxembourg-City)
Mat dobäi sinn:
De Shayan Mehr, deen zu Lëtzebuerg souwéi an de Nopeschlänner ënnerwee ass, an op 5 verschiddene Sprooche Standup mécht !
De Luca Menichetti ass en tippesche Lëtzebuerger aus der neier Generatioun, dat heescht hien ass hallef Portugies, hallef Italiener.
De Conny laacht gaeren iwwer sech selwer, an am Leiwsten mat Iech zesummen.
An zu gudder Lescht, de Scott Reuter, deen an der Zeen fir säi schwaarzen Humor bekannt ass. Loosst iech duerch dem Scott säi Pokerface net veronsecheren. Hie kënnt aus dem héiche Norden an ass et net gewinnt aner Gesiichter ze gesinn. Loosst iech vun dëser verréckter Trupp iwwerraschen!
D’Moderatioun gëtt vum Micas Carvalho gemaach.
Fir eise Warmup hu mir keen Onbekannten aus der Lëtzebuergescher an Portugiesescher Zeen, d'Rafa Ela! Hat huet eng super Performanz béim Eurovision Song Contest déi op RTL ze luussen ass.
Dieren: 18 Auer
Happy Hour: 18 bis 20 Auer
Show: 20 Auer
Op der Plaz sti 800€ a Form vu Vouchere prett, déi da wärend der Show un déi jeeweileg a glécklech Zuschauer verschenkt ginn.
Micaaaaaaaaaas Carvalhooooooooooooooo